+352 621 211 265 info@pc-hellef.lu

Servicer

Formatioun Doheem

Wëllt Dir méi iwert Äeren Computer wëssen? Soot eis, wat Dir léieren wëllt an mir wäerten Ierch perséinlech beroden. Mir bidden Ierch Hëllef un, bekannten Programmer wéi Microsoft Office sou wéi spezifesch Fonctiounen vun Windows/Mac kennen ze léieren.

Braucht Dir Hëllef mat Äerem Computer? Per Fernassistent kene mir Ierch hëllefen an Ierch bei der Installatioun vum Programm “Teamviewer” iwwer Telefon begleeden, fir Zougrëff op äeren Computer ze kréien.

Hellef per Fernzougrëff

Reparatur PC

Ass Äeren Computer ze lues? Kritt Dir Fehlermeldungen ugewisen? Start Äeren Computer net? Mir fannen de Problem an behiewen en.

Huet Äeren Computer en Virus? Mir bekämpfen en an bidden Ierch eng Anti-Virus Software un.

Schutz géint Virus’en

Installatioun Software

Hutt Dir Schwieregkeeten fir Programmer ze installéieren oder ze konfiguréieren? Mir kenen Ierch hëllefen déi Programmer ze installéieren an ze konfiguréieren. Falls Dir net secher sidd, wéieng Programmer Dir braucht, bidden mir Ierch eng individuell Léisung un.

Dir wëllt en gudden Sound? Mir kenen Ierch en komplett Home Entertainment System zesummenstellen, dat op Äerem Computer, Äerer Telé oder Äerem Gaming System leeft.

Installatioun Multimedia

Aktualiséierung an Berodung Hardware

Ass Äeren Computer ze lues ginn fir Äer Ufuerderungen? Fir Äeren Computer nees a Form ze bréngen, kene mir Ierch mat engem Hardware Upgrade wéi RAM, SSD, oder aaneren Komponenten hëllefen. Mir kenen Ierch och en neien Computer zesummenstellen, deen un Äer Bedürfnisser ugepasst get.

Wëllt Dir Äeren Drucker oder Dateien mat aaneren Computeren deelen? Dir wëllt en Netzwierk oder Wifi fir Äert Doheem oder Äeren Büro ariichten? Mir erméiglechen Ierch dat.

Installatioun Réseau

Kontaktéiert eis