+352 621 211 265 info@pc-hellef.lu

Backup Kontrakt

PC-Hëllef bitt Iech een Vertrag fir Datesécherung vun Ären Apple Produiten (iMac, MacBook Air, MacBook Pro), deen iwwert een externen Harddisk bei Iech doheem iwwert Time Machine Funktioun erstallt gëtt.

 

Dësen Backup gëtt bei PC-Hëllef gelagert, soulaang den Vertrag besteet. An dësem Zäitraum vum bestoenden Vertrag dierf den Client sech zu all Moment den Backup zeréckfroen an gëtt deen Moment ob een vum Client zur Verfügung gestallten externen Harddisk opgespillt.

 

Nom Oflafen oder Kënnegen vum Vertrag gëtt den Backup gemäß dem Dateschutzgesetz RGPD den Dag dono geläscht. All Vertrag gëtt nei erstallt an gelt net als Verlängerung vun engem ofgelafenen Vertrag. Dëst verhënnert stockéieren vun méi Backup’en gläichzäiteg, wat PC-Hëllef net ubitt.

 

All Backup, deen all 3 Méint erfollegt, ersetzt den viregen Backup sou wéi Time Machine Funktioun och entwéckelt gouf. Et bleift ëmmer nëmmen den aktuellsten Backup erhalen an gelagert.

 

 

Tariffer :

 

(Jeeweils als Joeresvertrag, all 3 Méint en neien Backup)

 

500 GB (privat S) /    850.-€ TTC

1 TB (privat M)     /   1600.-€ TTC

2 TB (privat L)     /    2350.-€ TTC

 

D’Präisser an Bedingungen fir Societéiten ginn perséinlech beschwaat.

 

Dir wëllt eng Berodung an Usproch huelen?

Dann kënnt Dir eis gären per Email iwwert den Formular oder Telefon kontaktéieren.